Seniorefuesbal Déifferdeng 6.3.2023
E Méindeg 6.3.2023 war deen traditionelle Seniorefuesbal vun der Déifferdenger Seniore-Commissioun, dem Club Senior Prenzebierg, Servior an dem CIPA Nidderkuer an der Hal "O" zu Uewerkuer. Dee grousse Sall war wéi ëmmer gutt gefëllt an et waren nees vill flott Boke mat derbäi, vun deenen dann och déi 3 schéinst mat Präisser belount goufen. Déi Gemengeresponsabel hu sech och ënnert d'Vollek gemëscht an d'Stëmmung op d'Musek vum Käpt'n Ändä, dem Lisa an den Hüette Maria a Susana konnt net besser sinn! Den Erléis vum Nomëtteg koum dem Télévie zegutt.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.