Rentnerfeier Monnerech 17.12.2019
En Dënschdeg 17.12.2019 war nees déi traditionnell Rentnerfeier an der Gemeng Monnerech. Iwwer 400 Leit waren déi Kéier neess an der Sportshaal um Rendez-Vous an no den Usprochen vun der Presidentin vun der Kommissioun vum 3. Alter a vun der Gesondheet, dem Marianne Weisgerber, an dem Buergermeeschter Jeannot Fürpass, hunn de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy an d'Hüette Maria mat nationalen an internationale Lidder fir eng excellent Stëmmung gesuergt, ier de Gourmang e Lëtzebuerger Teller an e gutt Stéck Taart zervéiert huet an de Knipsomat huet derfir gesuergt, dass d'Leit mat enger schéiner Foto heem gaang sinn!
Photos: Petz Flammang
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.