Jeeërbal matt Afterwork vun der Gemeng Noumer an de lokale Jeeër (5.4.24)
D'Gemeng Noumer huet zesumme mat de lokale Jeeër e Freideg, de 5. Abrell e Jeeërbal mat Afterwork organiséiert. Fir Iessen an drénken war natierlech gesuergt.
Eng wonnerschéin Tombola war zesummegestallt gin. An engem extra Gewënnspill konnt een eng Motorsée gewannen. Ze bemierken ass, dass de ganzen Erléis un den Télévie-Zenter Gemeng Noumer geet.
Fotoen: Alphonse Classen
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.