Ëmweltgerecht entsuerge fir jiddwereenD’SDK: Zanter 40 Joer fir d’Bierger am Asaz

IPL - sponsored content
Wéi d’SDK de Leit am Alldag hëlleft, speziellen Offall richteg ze entsuergen.
© Superdreckskëscht

SDK: Publi 10.02.2026

Mat der Bierger‑Sammlung huet viru 40 Joer alles bei der SuperDrecksKëscht ugefaangen. Zënterhier steet d’SDK de Leit am ganze Land zur Säit, wéi d’Chiara Wohl dem Nico Thielen am Interview erkläert.

All Awunner vu Lëtzebuerg huet Zougrëff op de gratis Service vun der SDK. Fir d’Entsuergung esou einfach wéi méiglech ze maachen, bitt d’SDK dann zwou praktesch Méiglechkeeten un: Nieft de feste Sammelplazen an de Ressourcenzentere ass eng mobil Sammlung ënnerwee an et gëtt och den Haus‑zu‑Haus Service. All Kéier huet een d’Chance, geféierlech Produiten ëmweltschounend lasszeginn. Eng korrekt Trennung mécht dobäi e groussen Ënnerscheed, haut kënne bis zu 70 % vun den agesammelten Offäll zum gréisstendeels recycléiert ginn.

Wéi gesäit et mat spezielle Këschten aus, mat deenen ee scho vun doheem aus korrekt sortéiere kann gëtt et sou eppes?
D’Äntwert hei ass jo. Déi Leit, déi hir Produite gären direkt doheem separat sortéieren, kënnen op eng Rei gratis Këschten an Eemer zeréckgräifen déi vun der SDK zur Verfügung gestallt ginn.
Dozou gehéieren d’SDK‑Këscht fir gemëschten Offall, de Frittefett‑Eemer (5L), Sprëtzebehälter, d’Këschte fir Briqueten an d’Ecobatterie‑Sammelkëschten.
All dës Behälter kënnen entweder bei der mobiller Sammlung ofgi ginn oder ganz einfach den Dag vun der Sammlung gutt siichtbar virun d’Dier gestallt ginn.

A wéi funktionéiert d’Sammlung konkret?

D’Mobil Sammlung ass véiermol d’Joer am Land ënnerwee a steet op zentrale Plazen zur Verfügung. Wien et nach méi bequeem wëll hunn, kann op den Haus-zu‑Haus Sammlung zeréckgräifen, deen direkt bei d’Leit heem kënnt. Fir déi kleng Quantitéiten, déi am Alldag ufalen, bleiwe fest Sammelstellen an de Ressourcenzentren eng zouverlässeg Optioun.

Wat geschitt, wann et emol net just ëm e puer Produkter geet, mee ëm eng ganz Hausräumung?

An dësem Fall ass d’Bierger‑Sammlung net dat richtegt Instrument, well d’SDK kee Sperrmüll offéiert. Hei kënnt amplaz de speziellen Hausräumungsservice vun der SDK an den Asaz, deen een per E-Mail op info@sdk.lu oder iwwer Telefon 48 82 16‑1 ufroe kann. Sollten dobäi onbekannt oder potenziell geféierlech Substanzen opdauchen, kann de Labo vun der SDK se analyséieren, fir Sécherheet a korrekt Entsuergung ze garantéieren.

All d’Informatiounen och op sdk.lu

Back to Top
CIM LOGO